Recherche avancée

Berlin > Aktuelles aus Politik und Wirtschaft > Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2018-2023 (Rede auf... >

Deklaratioun zum Regierungsprogramm 2018-2023 (Rede auf Luxemburgisch)

Mittwoch, 12. Dezember 2018

Fotos © SIP / Julien Warnand

 
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

Dat Dokument, wat déi dräi Koalitiounspartner ausgeschafft hunn, setzt déi richteg Akzenter fir den Erausfuerderungen vun haut a vu muer gerecht ze ginn.

Et ass e kloert, däitlecht a präziist Konzept wéi mer Lëtzebuerg déi nächst fënnef Joer - an doriwwer eraus  - gestalten, wéi eng Richtung mer aschloen, fir dass mer och an Zukunft eng staark Natioun an e wichtege Partner sinn an Europa an op internationalem Plang.

Et ass e Regierungsprogramm, deen eng sozial, liberal an ekologesch Handschrëft dréit an ech sinn houfreg a geéiert fir d ‘Prioritéiten haut kënnen ze presentéieren.

Et sinn elo knapp zwee Méint vergaangen zanter de Chamberwahlen vum 14. Oktober. D’Wahlresultat ass ausféierlech kommentéiert ginn, an d’Parteien zéien éischt Conclusiounen aus hirer eegener Analys. Eppes ass awer sécher: D’Resultat huet virun allem gewisen, dass net d’Ëmfroen zielen, mee d’Wahlen, dass net d’Demoskopen dat lescht Wuert hunn an eisem demokratesche Prozess, mee d’Wieler. An dat ass gutt esou.

Ech erlaben mer Iech dofir haut fir d ‘alleréischt mäin déifste Respekt auszedrécken.  Ech stinn haut als Staatsminister virun Iech, de Vertrieder vum Vollek, vun der Gesellschaft, vun de Leit, déi Iech gewielt hunn a vun all de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg, wunnen, liewen, schaffen, déi hiren Alldag hei verbréngen an en Deel vun deem sinn, wat eis esou staark mécht.

Dir hutt eng grouss Verantwortung  an Dir verdéngt Respekt an Unerkennung vir deen Engagement, fir ären Asaz am Interêt vum Land.  Den Dialog mam Bierger ass haut méi intensiv, nach méi direkt an d’Vitesse vun den Echangë huet duerch déi sozial Medien zougeholl. Déi politesch Funktioun ass doduercher net méi einfach ginn an d’Erausfuerderungen net méi kleng.

Et ass berouegend an encourageant ze gesinn, dass Lëtzebuerg och weider eng Plaz ass, wou déi politesch Kontrahenten op den Iddien diskutéieren an och streiden, wou mer eis mat Themen ausernee setzen, mat verschiddene politeschen an philosopheschen Iddien an – meeschtens -  deene perséinlechen Attacken an der Demagogie keng Plaz offréieren. Doropper kënnt Dir, doropper kënne mir alleguerten och houfreg sinn.

De Programm, deen eis déi nächst fënnef Joer laang de Wee weist, ass méi ewéi e Kompromëss tëscht dräi Parteien. Et ass e staarkt Stéck Eisen aus engem Goss. 

D‘Prioritéiten ewéi de Schutz vun eise Ressourcen, d‘Erhalen an d‘Stäerke vun der Liewensqualitéit, dat kloert Bekenntnis zu Diversitéit, Méisproochegkeet an zu eisem Patrimoine, eiser Geschicht an eiser Sprooch si Piliere vun deenen dräi Parteien. Eng familjhefrëndlech Politik, e staarke Sozialstaat an eng méi gerecht Verdeelung vun deem wat mer zesummen erwirtschaften si Prioritéite vun der Koalitioun an net  just vun enger Partei. D’Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft, en Effort bei der Digitaliséierung an den Invest an d’Mobilitéit an d’Infrastrukture sinn Elementer, déi net enger Partei gehéiere mä zu de Fundamenter vun der Koalitioun.

Dat selwecht gëllt fir den Éiergäiz, fir mat vill Energie dat bescht ze gi fir d’Land a seng Bierger.  Et bleiwe ganz bestëmmt och Ënnerscheeder an all eenzele Partner hätt eleng déi thematesch Gewiichtung vläicht anescht gesat, mee déi generell Ausriichtung, dat wat eis verbënnt, ass wesentlech méi staark an et iwwerweit.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Eleng an de leschte 15 Joer sinn iwwer 160.000 Leit op Lëtzebuerg bäikomm, d’Populatioun huet sech zanter de 70er Jore quasi verduebelt an et kommen all Dag ronn 200.000 Frontalieren iwwert d’Grenz  bei eis an d’Land schaffen.

Déi Evolutioun huet iwwer Joerzéngte mat derfir gesuergt, dass eise Liewensstandard héich, eis Infrastrukturen intakt an eise Sozialsystem ee vun deene beschten op der Welt ass.

Déi Entwécklung hannerléisst awer och Spuren. An zwar iwwerall. An der Schoul, am Gesondheetssecteur, am Logement an och an der Mobilitéit. Am Walkampf goung et an der Haaptsaach em déi Froen. Lëtzebuerg steet am Stau a mir mussen all Efforte maache fir dee Knuet opzeléisen.

Et gëtt keen eenzegt Wonnermëttel, mee en Zesummespill vu verschiddene Mesuren an do gëtt an dëser Legislaturperiod ferm ugepaakt, fir dass sech  nach méi beweegt an der Mobilitéit.

Mir hunn an de leschte Jore scho ganz grouss Efforte gemaach an déi Ustrengunge musse verstäerkt ginn.

D’Regierung schafft dofir och en nationale Mobilitéitsplang fir d’Zäit bis 2035 aus a mir ënnerstëtzen an deem Kader dann och d’Gemengen an d’Entreprisen, wann si Initiativen huelen, déi am Sënn vu manner Trafic a méi Effikassitéit sinn. Et gi Pläng ënnerstëtzt fir Aktivitéitszonen a Plazen, wou méi Betriber beienee sinn, besser un en ëffentlechen Transport unzebannen an och privat Konzepter ginn ënnerstëtzt. Esou maache mer notamment Subsiden iwwert de Klimafong fräi, wann eng Firma hiren ekologesche Footprint iwwert de Wee vun der Mobilitéit fir hir Mataarbechter verbessert.

Fir de Verkéier zu de Spëtzenzäiten ze reduzéieren, brauch et eng Rei vu Mesuren. Dozou gehéiert dass d’Kapassitéite vu Park & Ride kuerzfristeg an d’Luucht gesat a laangfristeg verduebelt ginn. Mir schafen intelligent Verkéiersleedsystemer op den Autobunnen an ënnerstëtzen de Covoiturage.

D’Investissementer an den ëffentlechen Transport gi weider op ganz héijem Niveau gehalen an iwwert déi ganz Legislaturperiod nach an d’Luucht gesat. Et gëtt gepréift fir Projete méi séier ze realiséieren, ewéi dat bis elo geplangt ass. Den Tram soll virum um Enn vun der Legislaturperiod vun der Cloche d’or bis op de Findel féieren a mir integréieren de Projet vun engem séieren Tram tëscht Esch an der Stad an all déi verschidde Mobilitéitspläng, déi ausgeschafft sinn an ausgeschafft ginn.

D’Regierung dreift an de nächste Joren och d’Elektromobilitéit viru fir mëttelfristeg d’Loftqualitéit, zemools an deene méi urbaniséierte Géigenden ze verbesseren. Esou gëtt d’Zuel vun de Borne fir ze luede weider an d’Luucht gesat an et ginn direkt Virdeeler agefouert fir Leit, déi als Dengschtwon en Elektromobil uschafen.

Mir maachen den ëffentlechen Transport méi attraktiv an dozou gehéiert och, dass vum Joer 2020 un, Bus, Tram, Zuch zu Lëtzebuerg gratis ass.

D’Annonce vun där Nouvelle huet an de leschten Deeg schonn international fir Opmierksamkeet gesuergt a genee dat war och eng Iwwerleeung, wéi mer dës Mesure decidéiert hunn. Et ass nämlech nieft deem ëmweltpoliteschen an deem sozialen Aspekt – deen ech och wëll ervirsträichen – eng Moossnam, déi eis als Land méi attraktiv mécht.

Et stellt een sech fir, ewéi een an e Land reest an am Virfeld oder beim Ukomme mierkt een op der Gare oder um Fluchhafen, dass een net muss erausfannen, wou een en Ticket keeft, wéi vill et kascht a wat d’Modalitéite sinn.

Et ass net méi einfach ze maachen, ewéi doduerch, dass mer de System vun engem Ticket ganz einfach ofschafen.

Lëtzebuerg gëtt dat éischt Land op der Welt, wou een den ëffentlechen Transport spontan oder geplangt ka notzen, eran an eraus klammen, wou ee wëll, ouni, dass ee sech muss Gedanke maachen, wéi een Abonnement een am beschte muss hunn. 

Et steet eis ganz einfach gutt zu Gesiicht an et ass en enormen Atout fir den Image a fir d ‘Attraktivitéit vu Lëtzebuerg.

Mir wëssen natierlech, dass d’Gratuitéit vum ëffentlechen Transport net alles ass – an dofir agéiere mer net eleng um Niveau vum Präis, mee och op der Qualitéit, an zu där gehéiert net zulescht d’Pénktlechkeet an d’Previsibilitéit vun den ëffentleche Verkéiersmëttelen. Et ass hei, wou eis Investissementer prioritär agesat ginn, fir den Drock vun engem dacks iwwerlaaschte Reseau kënnen erofzehuelen an de Leit e Service unzebidden, op dee se sech verloosse kënnen.

Mir hunn awer net eleng e Problem mat iwwerfëllte Stroossen, mir hunn och en iwwerhëtzen Wunnengsmaart.

Dat ass net nei an et ass keng Iwwerraschung. Et ass awer eng reell Erausfuerderungfir vill Mënschen an eisem Land, fir jonk Famillen, fir Jonggesellen a fir Koppelen, och fir eeler Leit, déi e groussen Deel vun hirer wuelverdéngter Rent oder Pensioun fir d‘Wunne mussen ausginn. D’Problemer am Logement sinn och eng Erausfuerderung fir eis Economie a fir eis Kompetitivitéit.

Et ass eng Situatioun mat ville Widderspréch. Esou sinn déi héich Präisser zum engen eng direkt Konsequenz vum Succès vun eiser Wirtschaft. Et gouf an der Vergaangenheet net genuch anticipéiert a preparéiert. Dat ass e Fait. Et wëlle weider vill Leit bei eis schaffen an och wunne kommen an dat dréckt Demande an d’Luucht – a mat hir d’Präisser, well d’Offer net nokënnt. Zum anere sinn ebe just déi héich Präisser awer och e Facteur, dee méiglech Investitiounen zu Lëtzebuerg bremst. E Betrib muss senge Mataarbechter exzeptionell héich Salaire bezuelen, well duerch de Logement d’Liewe bei eis deier ass. An dat schreckt muncher een of.

D’Problematik am Logement ka net mat Schlagwierder geléist ginn. Genee, ewéi an der Mobilitéit, gëtt et och hei kee Wonnermëttel, mee et ass en Zesummespill vun enger ganzer Rei Mesuren néideg, déi anenee gräifen.

D’Koalitiounsparteien si sech eens, dass ee muss mat Entlaaschtunge schaffe – de Leit also indirekt hëllefen an d’Charge déi fir en Haushalt duerch d’Wunnen entseet, erof  setzen. Mir hunn do an der leschter Legislaturperiod scho Mesure geholl, déi weider musse suivéiert an ausgebaut ginn. Dat geet vu Subventiounen um Loyer iwwer steierlech Entlaaschtungen oder eng insgesamt finanziell Entlaaschtung duerch d’Aféiere vu Sachleeschtungen, ewéi zum Beispill déi gratis Kannerbetreiung, d’Gratuitéit vun de Schoulbicher an eben Zukunft  och den ëffentlechen Transport.

An de nächste fënnef Joer gëtt awer virun allem och weider un der Offer geschafft an am soziale Wunnengsbau gëtt weider massiv investéiert. Mir gi verstäerkt op de Wee vir erschwénglech Wunnengen och an der ëffentlecher Hand ze halen, der staatlecher, wéi der kommunaler.  D’Vente soll d’Ausnam si fir esou och eng Spekulatioun ze verhënneren.

Fir séier an effikass virun ze kommen, brauche mer déi privat an déi ëffentlech Acteuren a mir brauche virun allem och d’Gemengen, déi méi agebonnen a méi an d’Verantwortung geholl ginn.

Esou gëtt eng Neioplo vum Pacte Logement ausgeschafft , wou en Accent op de Locatif geluecht gëtt a wou mer och en Accent op d’Landesplanung leeë fir an der Haaptsaach do ze investéieren, wou et sënnvoll ass.

Et soll och soll garantéiert ginn, dass Staat a Gemengen net selwer zu Acteure ginn, déi d’Präisser an d’Luucht dreiwen. Net de Marché decidéiert eleng, mee och déi individuell Situatioun vun de Bierger, vun de Leit, déi vum subventionnéierte  Wunnengsbau solle profitéieren.

D’Regierung schafft mat de Gemengen, mat de Syndikater an och mam Privatsecteur un engem Plang fir Bauprojete séier ëmzesetzen an dobäi sollen och d ‘Hëllefen an d’Subventiounen,  erweidert ginn.

Mir wäerten deenen ënnert d’Äerm gräifen, déi um Ufank sti vun hirem Liewen an en éischt Haus oder en Appartement wëlle kafen. D’Garantie vum Staat bei enger éischter Acquisitioun gëtt an d’Luucht gesat a mir plangen d’Eropsetze vum Credit d’Impôt – also eng Erweiderung vum sougenannte “Bëllegen Akt”.

Iwwert Mesuren am Logement lancéiere mer awer och Projeten, déi an d’Mëtt vun der Gesellschaft wierken, déi innovativ sinn a wou d’Wunne just en Deel vum Ganzen aus. Esou schafe mir méi Wunnraum, dee speziell fir Studenten ass an awer och fir Jonker, déi am Gaange sinn eng Léier ze maachen.

Mir gi verstäerkt op de Wee fir intergenerationellt Wunnen ze fërderen. Hei geet et net eleng drëm e Bäitrag ze leeschte fir de Leit ze hëllefen en Ënnerdaach ze hunn, mee et geet em méi; et geet em sozial Kohesioun, em d’Zesummeliewen an em den Dialog an eiser Gesellschaft. Den Dialog tëscht de Generatiounen an den Dialog tëscht deenen, déi en akademesche Wee ageschloen an deenen, déi zum Beispill en Handwierk léieren.

De Staat wäert an de nächste Joren iwwert d’Acteuren Fonds du Logement an SNHBM weider direkt investéieren an och d’Gemenge staark derbäi ënnerstëtze fir d’Offer um Wunnensgmaart an d’Luucht ze setzen. Bei der Aart a Weis, wéi do gebaut gëtt, gi mer och mam gudde Beispill vir a respektéiere verstäerkt Ëmweltkritären.

De Klimawiessel ass eng vun de groussen, wann net déi gréissten Erausfuerderung vun der Mënschheet an dësem Joerhonnert.

D’Konsequenze vun der Äerderwiermung sinn iwwerall spierbar a se sinn dramatesch. Wa mir net haut séier a couragéiert fir ginn, riskéiere mer an de nächste Joerzéngte mat Situatioune konfrontéiert ze ginn, déi net just de Klima direkt betreffen. Dréschenten, Iwwerschwemmungen, Stierm an extrem Wiederkionditiounen an aneren Deeler op de Welt, kënnen d’Gläichgewiicht op eisem Planéit duerchernee rëselen a Konflikter verursaachen.

Lëtzebuerg war, ass a bleift bei enger couragéierte Politik, wann et em d’Lutte géint dee vum Mënsch verursaachte Klimawiessel geet.

Mir dierfen net kuerzfristeg denken, wa mir eise Planéit weider liewenswäert wëllen hale – Dat si mer net nëmmen eis selwer schëlleg, mee och de Generatiounen, déi no eis kommen. 

Et ass eng Realitéit, dass verschidde Länner dat den Ament anescht gesi – respektiv d’Regierunge vun enger Rei Länner. Op der Klimakonferenz zu Kattowitz a Polen gëtt haut an nach bis e Freideg probéiert no Léisungen ze sichen an déi méi skeptesch Regierungen ze iwwerzeegen. Dat ass net grad deen einfachsten Exercice, mee mir dierfen eis net decouragéiere loossen. Grouss Natiounen a wichteg Acteuren, ewéi China, Indien, Russland oder Kanada sti weider konsequent hannert den Ziler vum Accord vu Paräis an och an den USA sinn 38 Bundesstaaten, déi sech zu dësem Accord bekennen an decidéiert hunn weider un der Ëmsetzung ze schaffen  - onofhängeg vun den Decisiounen zu Washington.

Lëtzebuerg steet och zum Accord vu Paräis. Bis deen ëmgesat ass, läit awer nach vill Aarbecht virun eis a vill Efforte sinn ze maachen. Dofir hu mer och decidéiert en eegene Ministère ze beoptrage fir déi Aarbecht konsequent ëmzesetzen.  Mir fänken allerdéngs och net eréischt elo dermat un. Schonn an der viregter Legislaturperiod gouf et massiv Ustrengungen an och eng Politik vun der Viraussiicht. Déi Politik wëlle mer weider féieren – op nationalem an europäeschem Niveau. Nach dëst Joer schécke mir  e Projet vum eisem nationale Plang an der Energie- a Klimapolitik un d’EU Kommissioun op Bréissel. Nieft den EU Ziler fir op Net Zero Emissiounen bis 2050 ze kommen hu mir doranner  och bis 2030  eis Objektiver festgehalen a mir ginn eis och Methode fir déi ze areechen. Dat betrëfft zum engem d’Aspuere vun Energie an zu aneren d’Transitioun op erneierbar Energiesourcen. Fir d’Consommatioun erof ze setzen, wäert de Staat weider investéiere fir Gebaier, déi an ëffentlecher Hand sinn, ze renovéieren an d’Verbëtzele vun Energie esou erofzesetzen. Nei Gebaier, déi vir Verwaltungen an ëffentlech Institutioune gebaut ginn,  sollen dann a Richtung vu “No u Null Emissiounen” goen. Déi privat Stéit ginn dernieft weider finanziell ënnerstëtzt bei Aarbechten, déi d’Energieeffizienz erop setzen.

E wichtegen Deel vun eisen Efforte géint de Klimawiessel ass den Iwwergang vu fossillen Energieressourcen op déi erneierbar. D’Atomenergie ass do keng Alternativ an d‘Koalitioun ass a bleift kloer kritesch géintiwwer dem Nucléaire. Mir setzen eis déi nächst Jore weider intensiv derfir an, dass Atomzentralen an eisen Nopeschlänner, déi schonn eng etlech Joren um Bockel hunn, net weider ausgebaut, mee zougemaach solle ginn. Tihange an Doel an der Belsch a Cattenom  a Frankräich sinn eng Gefor fir d’Sécherheet vun eisem Land. Mir loossen do net lass a schaffe mat de Regierungen vu Paräis a Bréissel och un Alternativen.

Den Asaz fir méi eng nohalteg Energiepolitik ass kee reng nationalen, mir mussen eis awer och bei eis selwer ufänken.

Et ass eng Fro vun der Verantwortung, wa mir eis engagéieren, dass eis Ressourcen, eis Ëmwelt geschützt an erhale bleift. D’Koalitioun geet do an aller Konsequenz vir a mécht Lëtzebuerg zu engem Leader, wann et em d’Lutte géint Verknaschtung vu Loft, Waasser a Buedem geet. Esou wäert de liichtfankegen Ëmgang mat Plastik zu Lëtzebuerg ofgeschaaft ginn. Mir schafen Ureizer fir dat ze areechen.  Déi gratis plastiks Tute sollen der Vergaangenheet ugehéieren, genee ewéi all iwwerflësseg Verpakungen. Mir wëlle mam Commerce u sënnvollen Alternative schaffen a virun allem och derfir suergen, dass Schoulkantinnen a staatlech Betriber e Model fir de Privatsecteur sinn.

Allgemeng gëtt d’Zesummespill vun deene verschiddene Ministèren an awer och de Gemenge verbessert fir dass Ëmweltpolitik net vun uewen erof, mee an der Breet vun der Gesellschaft stattfënnt. Et gëtt, wéi och schonn an der leschter Legislaturperiod weider a Kläranlagen investéiert, mir schaffe mat der Landwirtschaft u Mesuren, déi den Asaz vu Pestizide reduzéiert, an et ginn och Efforte gemaach fir de Waasserverbrauch an der Ekonomie ze reduzéieren, wou dat méiglech ass.

Mir wëllen och d’Biodiversitéit erhalen an derfir suergen, dass d’Aartevillfalt vun Déier a Planzen zu Lëtzebuerg geschützt ass. Dat gëtt et net fir näischt. Et verlaangt, dass mer eis aktiv dofir asetzen, wa mer wëllen, dass och eis Kanner eng intakt Natur virfannen an déi heemesch Déieren a Planzen net just aus de Bicher oder vum Ipad kennen.

D’Landwirtschaft ass hei e wichtege Partner. De Bauer ass vu senger DNA hier naturverbonnen, lieft net just an a mat der Natur, mee och vun der Natur, vun senger Aarbecht a manner vu senge Subsiden  Mir wëllen d’Roll, déi d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg huet, stäerken an déi Leit, déi all Dag mat derfir suergen, dass mer gesond a qualitativ héichwäerteg Produiten um Teller an am Glas hunn, och déi Unerkennung ginn, déi se verdéngen.

Déi jonk Bauere ginn an Zukunft aktiv vum Staat ënnerstëtzt a mir plangen ënnert anerem d’Aféiere fir eng finanziell Garantie fir Jonker, déi sech an de Beruff vum Landwirt lancéieren. Mir wëllen dee Beruff méi attraktiv maachen a virun allem hëllefe bei der Sensibiliséierungsaarbecht.

D’Leit solle verstäerkt drop higewise ginn, dass regional Produkter net just héichwäerteg, mee och méi nohalteg an all ze dacks och méi gesond sinn.

An Zukunft sinn déi landwirtschaftlech Produiten hei am Land dann och fräi vun deem ëmstridde Sprëtzmëttel Glyphosat. Op den 31. Dezember 2020 sinn eis Felder fräi vun dësem Herbizid, obwuel et anerwäerts  an der EU fir weider fënnef Joer erlaabt bleift.

Mir hunn als Land eng grouss Opportunitéit fir eis international ervir ze doe mat deenen héichwäertege Produkter, déi eis Landwirtschaft an och eise Wäibau produzéiert. Bis 2025 soll déi éischt Hürd gepackt si mat 20% biologesch Landwirtschaft zu Lëtzebuerg. 

Zil ass et, dass hei am Land keng Labele méi gebraucht ginn, déi zertifiéieren, dass eppes gesond ass, fräi vu Chimie, regional an hausgemaach – eleng de Fait, dass et vu Lëtzebuerg ass, muss an Zukunft duer goen, dass d’Confiance grouss an de Verbraucher weess, dass een eppes qualitativ Héichwäerteges offréiert kritt.

Mir verstäerken dat Vertrauen och duerch d’Schafe vun engem neien Verbraucherschutzministère, wou net eleng,  awer och den Deel vun der Liewensmëttelsecherheet an der Kontroll vun der Qualitéit eng nei Wichtegkeet kritt. Mir féieren e verstäerkte  Recht op Informatioun an a stelle sécher, dass de Verbraucher genee novollzéie kann, wat e keeft, respektiv zerwéiert kritt.

D’Vertrauen an d’Stäerke vu lokale Produkter setzt viraus, dass mer responsabel ëmgi mat deem, wat mer hunn, mat der Natur a mat deem Land, dat eis fir d’Landwirtschaft zu Verfügung steet.

Mir hunn an de leschte Méint driwwer diskutéiert, wéi eist Land sech soll weider entwéckelen, wéi mer ëmgi mat Ressourcen- a Landverbrauch. Déi Froe solle mer eis och stellen an d‘Äntwerten, déi mer ginn, solle reegelméisseg op de Préifstand geholl ginn. Et dierf keen Automatismus ginn an der Aart a Weis, wéi Lëtzebuerg sech entwéckelt, an de Fro, wou eis Prioritéite leien a wéi mer sécherstellen, dass d’Liewensqualitéit erhale bleift. Mir hunn an de leschte Joren och vill dru geschafft Lëtzebuerg aus deenen groen an däischteren Ecken eraus ze huelen an derfir suergen, dass mer als innovatiivt, weltoppen an modern ugesi ginn, als Land, dat op seng Kompetenze ka verweisen, op déi gutt Infrastruktur a staark Verwaltung. Wa mir wëllen vun de groen a schwaarzen Lëschten erof bleiwen, awer un der Spëtzt stoe vun de Rankingen, wann et em Liewensqualitéit geet, em déi finanziell Situatioun vun de Bierger, d’Héicht vun de Pensiounen oder  d’Stäerkt vum d’Sozialsystem, da brauche mer och weider eng Wirtschaft, déi wuesse kann a mir sinn op e kompetitiivt Ëmfeld ugewisen.

D’Koalitiounspartner hu sech drop gëeenegt, dass mer weider staark investéiere fir de Standuert Lëtzebuerg och laangfristeg attraktiv ze maache fir Investitiounen an d’Schafe vun Aarbechtsplazen.

Eis Ekonomie gëtt weider diversifiéiert a  mir entwéckelen nei Secteuren, nei Pilieren op deenen eis Wirtschaftsleeschtung kann opgebaut ginn. Den digitale Secteur ass do sécherlech ee besonnesch wichtege Beräich, wou mer zu engem Leader op de Welt wëlle gehéieren.

Mir fänken och hei net bei Null un. Am Contraire. Et ass an de leschte Joere villes richteg gemaach ginn. Et ass net vun ongeféier, dass déi gréissten a wichtegsten Acteuren aus dem Secteur vun de neien Technologien sech Lëtzebuerg eraus gesicht hunn fir sech ze etabléieren oder fir ze investéieren. Besonnesch am digitale Secteur geet et awer net fir och nëmme kuerz d'Hänn an de Schouss ze leeën an nozekucken, wéi eppes geschitt – da geschitt nämlech séier guer näischt méi.

Mir bleiwen dofir un den Hiewelen a schafen de Kader fir weider Innovatioun op Weltspëtztniveau.

Esou ass Lëtzebuerg ee vun den éischte Länner, déi sech eng déifgräifend Strategie am 5G ginn huet an éischt Pilotprojeten ausgeschafft huet. De Privatsecteur gëtt hei mat agebonnen, mee mir wëssen haut, dass et schwiereg ass fir d’Operateuren an de 5G ze investéieren, well et nach kee grousse Marché gëtt fir déi Technologie och ze notzen.

Mir waarden awer net bis dee Marché entsteet, mee ginn direkt aktiv a wäerten an der nächster Legislaturperiod esou e 5G Reseau opriichten. Dat gëtt eis enorm Opportunitéiten a wäert ganz nei Aktivitéiten zu Lëtzebuerg méiglech maachen. 5G bedeit, dass eng interaktiv Connektioun virgesinn ass – zum Beispill am Gesondheetssecteur, an der Agrarwirtschaft, mee och am Verkéier, oder an der Industrie.

Mir schaffen eng national Strategie aus och an der kënschtlecher Intelligenz a wëllen europäesche Virreider ginn an dëser Technologie vun der Zukunft. Et gi ganz bestëmmt Bedenken a Risiken, wa mer op de Wee ginn, fir Computeren Aufgaben ze iwwerdroen, déi haut exklusiv dem Mënsch virbehale sinn. Mir hunn do awer nëmmen ee Choix an dat ass entweder nokucken, wéi et laanscht eis geet an da laangfristeg bestëmmt ginn oder kuerzfristeg selwer bestëmmen a wéi eng Richtung et geet an wou d’Limitte sinn.

Den High Performance Computer ass e weideren esou e Projet, wou d’Koalitiounsparteien sech drop gëeenegt hunn ze investéieren an domadder besonnesch eiser Ekonomie awer och der Recherche Opportunitéiten ze gi mat deene mer eis ofgrenze vun anere Länner.

Lëtzebuerg wäert weider op ville Felder aktiv sinn an och aktiv Promotioun dofir maachen – een zentrale Secteur ass a bleift awer ganz sécher och eis Finanzplaz, déi haut an och an Zukunft e feste Pilier ass.

Och hei gëtt d’Digitaliséierung weider viru gedriwwen a besonnesch de legislativen a regulatoresche Kader gëtt esou opgestallt, dass mer bei FinTech a neien Technologien, ewéi Blockchain eisem Ruff als First Mover gerecht ginn. Mir mussen awer och kompetitiv bleiwen an dofir engagéiere mer eis, dass an de nächste fënnef Joer d’Taxe d’abonnement op den Investitiounsfongen net gehéicht gëtt an déi allgemeng steierlech Belaaschtung fir Betriber gëtt scho vum nächste Joer un em 1 Prozentpunkt erof gesat.

Dat huet net nëmmen en Impakt op de Finanzsecteur, mee ass allgemeng e Signal un d’Ekonomie, dass mer en attraktive Standuert sinn a  bleiwen – och wann d’Berechnungsbasis duerch de BEPS riskéiert méi breet ze ginn.

Eisen Engagement ass do eendeiteg. Mir suergen derfir, dass déi steierlech Belaaschtung fir Betriber aus allen Secteuren zu Lëtzebuerg net erop geet – onofhängeg vun deem wat international op eis duer kënnt.

Dat gëllt fir d’Betriber selwer, awer och fir d’Kadere vun den Entreprisen, déi op Lëtzebuerg kommen. Den éischter onduerchsichtege System vun de Stock Options soll tendenziell ofgeschaaft an duerch méi transparent a gerecht Mesuren ersat ginn. Den aktuelle Régime vun den “impatriés” gëtt deementspriechend reforméiert a méi attraktiv gemaach.

Déi kleng an mëttel Betriber solle speziell vu weideren Entlaaschtunge profitéieren, ewéi notamment dem Erweidere vun der Tranche, wou deen attraktiivste Wäert vum Taux d’affichage vu 15% gëllt. Bis elo huet dee bis zum Revenu vu 25.000 Euro gegëllt an gëtt elo eropgesat op e Benefice vu bis zu 175.000 Euro. 

Mir brauchen déi mëttelstänneg Betriber, well si d’Stäip si vun eiser Ekonomie an déi meeschte Leit beschäftegen. De Commerce esou gutt, ewéi d’Handwierk mussen dofir och weider gefërdert ginn. Mir wëllen hei déi gréisst méiglech Flexibilitéit schafen an de Betriber d’Méiglechkeet ginn, esou ze schaffen, wéi et fir hir Aktivitéit am beschten an am sënnvollsten ass. D’Legislatioun iwwert d’Ouvertureszäite soll deementspriechend adaptéiert ginn.

D ‘Handwierk huet sech an de leschte Jore gutt entwéckelt zu Lëtzebuerg, mee et feelt leider ëmmer nach u gutt forméierte Leit. Hei gëtt verstäerkt den Akzent op eng dual Beruffsausbildung geluecht an esou de Betrib an d’Schoul, d’Praxis an d’Theorie méi no uneneen eru gefouert. Dernieft entstinn awer och nei Modeller. Esou ass et an Zukunft zum Beispill méiglech, dass jonk Leit en duebelen Ofschloss am Secondaire maachen. Esou kann een dann nieft dem Diplom am Lycée och en Diplom an der Beruffsausbildung, en DAP, also eng Geselleprüfung maachen.

Mee et geet net just em déi jonk Leit, déi an der Ausbildung oder grad domadder fäerdeg sinn. Eisen Aarbechtsmarché ass och drop ugewisen, dass Leit mat Experienz disponibel sinn a sech och kënne weider bilden.

D’Aarbechtswelt ass am Gaangen sech fundamental ze veränneren a mir wëlle weider erfollegräich géint de Chômage kämpfen an derfir suergen, dass Leit Schrëtt hale mat der ëmmer méi séierer Welt, mat der technescher Entwécklung an der Digitaliséierung vun Aarbechtsprozesser.

Et bleift eng Erausfuerderung  derfir ze suergen, dass déi Jonk an déi manner jonk eng Formatioun maachen. Ronn d’Halschent vun de Mënschen, déi zu Lëtzebuerg als Demandeur d’emploi gemellt sinn, hu keng oder eng schwaach Ausbildung. Mir mussen dat änneren. Dofir gëtt an dëser Legislaturperiod eng Strategie vun de Kompetenzen ëmgesat. D’Formatioun continue gëtt reforméiert a kritt méi Moyenen. Mir schafen e System vu Chèques Formation, déi erlaben, dass een u Weiderbildungen Deel hëlt, ouni dass ee selwer oder en eventuelle Patron dofir muss bezuelen.

Et geet laangfristeg dorëms de Leit eng Aarbecht ze ginn an si an der Aarbecht ze halen. Dat ass d’Grondlag, well et an eiser Gesellschaft d’Aarbecht ass, déi d’perséinlech Situatioun vun all Eenzele substantiell beaflosst. Duerch verschidden Ëmstänn kann awer jiddereen seng Schaff verléieren. Hei leeëmir wäert drop, dass déi Leit begleet an net eleng gelooss ginn.

D’ADEM ass schoméi laang net méi just eng Plaz, wou een higeet fir eng Aarbecht ze fannen. Et ass eng zentral Agence, déi och eng berodend Fonkjtioun huet an de Lien mécht tëscht der Demande um Aarbechtsmarché an deene Leit, déi op der Sich no enger neier Plaz sinn. Mir wäerten d’ADEM deemenspriechend och stäerken an hir méi Moyen’en gi fir d’Kompetenzen an d’Defiziter vun hire Client’en besser ze identifizéieren an dann och kënnen aktiv ze ginn.

D’Leit sollen och incitéiert ginn, selwer aktiv ze ginn a selwer Efforten ze maachen fir nees um Aarbechtsmaart integréiert ze ginn.

Op der anerer Säit reforméiere mer awer de System esou, dass an Zukunft et och méiglech ass, e Recht op eng Indemnitéit ze hunn, wann een selwer kënnegt an net just, wann ee gekënnegt kritt. Et gi Situatiounen, wou de Choix, ob een seng Aarbecht opgëtt oder net, just op den éischte Bléck e Choix ass. An esou Fäll, soll een d’Recht hunn och säi Kontrakt opzeléisen an dann iwwergangsweis am Chômage kënne sinn.

Mir droen och deenen neie Forme vun Aarbecht Rechnung a ginn den Ufuerderunge vun der Realitéit gerecht. Esou muss d’Aarbechtsrecht op verschiddene Punkte reforméiert ginn a mir schafe méi Flexibilitéit ouni dass dat d’Ofsécherung vun de Beschäftegten a Gefor soll bréngen. D’Organisatioun vun der Aarbecht an der Aarbechtszäit gëtt deem gerecht, wéi et haut schonn a ville Betriber verlaangt an zum Deel och ëmgesat ass.

Dernieft si mer och der Meenung, dass een der Entwécklung vun der Aarbechtszäit muss Rechnung droen an dass déi ëmmer méi grouss Felixbilitéit an aner Facteuren och e weidere gesetzlechen Congésdag rechtferdegt, deen vum nächste Joer un soll gëllen. Dat ass e wichtegt Zeechen an weist, dass Lëtzebuerg e Land ass mat enger staarker sozialer Responsabilitéit.

D’Famill, d’Zäit fir déi, déi engem am wichtegste si gëtt en zentraalt Element vun der Politik an dëser Legislaturperiod. Mir ginn de Wee, dee mer déi lescht fënnef Joer ageschloen hunn weider a suergen derfir, dass d’Kanner déi selwecht Zukunftschancen hunn, onofhängeg dervun a wéi engem sozio-ekonomeschen oder familiären Ëmfeld se grouss ginn. Mir ginn den Eltere méi Zäit mat hirer Kanner a maachen d’Konditiounen esou datt Beruff a Famill besser anenee gräife kann. Mir setzen eis géint d’Kanneraarmut an a stäerke besonnesch déi allengerzéiend Mammen oder Pappen.

Mir erweideren de System vun de Sachleeschtungen an ënnerstëtzen domadder besonnesch déi Familljen, déi manner finanziell Moyenen hunn fir den Alldag ze bewältegen. Nieft der Gratuitéit vun der Kannerbetreiung wärend de Schoulstonnen, ginn och d’Maison Relais an Zukunft gratis op de Schouldeeg.

Mir féieren also weider Sachleeschtungen a wann déi ëmgesat sinn, ginn um Enn vun der Legislatur och d’Familienprestatiounen, also d’Kannergeld, indexéiert an domadder laangfristeg no uewen ugepasst.

De Congé Parental, deen haut scho substantiell méi attraktiv ass, ewéi an der Vergaangenheet gëtt weider gefouert a no iwwer zwee Joer, wou dee neie System a Kraaft ass, maachenmer eng déifgräifend Analyse fir ze kucken, wou Adaptatiounen néideg a noutwenneg ginn.

Mir denken de System awer och weider a wëlle mat de Sozialpartner zesummen e Modell aféieren, dee Flexibilitéit erlaabt och iwwert déi Zäit vum éischte Congé Parental ewech. Esou sollen déi Elteren, déi zu zwee de Congé Parental geholl hunn och doriwwer eraus e Congé Parental kënnen an Usproch huelen. Mir proposéieren och d’Aféiere vun engem Recht op Deelzäitaarbecht aus familiäre Grënn.

Am Kader vun dësem neie System, wou Mammen oder Pappen am Accord mat hirem Patron wärend enger festgeluechter Zäit am Temps Partiel schaffen, iwwerhëlt de Staat déi sozial Bäiträg, esou, dass ee kee Verloscht bei de Pensiounsuspréch huet.

Allgemeng soll laangfristeg méi Gerechtegkeet heirgestallt ginn tëscht de Partner  - och op steierlechem Niveau. Zil ass et fir eng steierlech Neutralitéit hierzestellen, onofhängeg dervun, ob eng Persoun bestuet ass oder net. . Mir ginn also op de Wee vun enger Individualiséierung. Dat ass e Prozess, dee mer mat de leschter Steierreform ugestouss hunn andeems d’Méiglechkeet iwwerhaapt geschaaft gouf, dass bestuete Koppelen, kënnen eenzel besteiert ginn. Dee Wee gi mer also weider a stellen dobäi sécher, dass et keng Diskriminatioun gëtt. Et soll en Iwwergank gi vun deem engen an deen anere System a mir verhënnere laangfristeg, dass Leit Nodeeler hunn, wann hir Situatioun sech am Laf vun hirem Liewen ännert. Et Stot mat Kanner soll dobäi wieder steierlech entlaascht ginn an och aner familiär oder sozial Kritäre ginn dobäi respektéiert.

Mir sti fir d’Stäerke vun de Kanner. Dat war an der leschter Legislaturperiod esou an et bleift och eng Prämiss vun dëser Koalitioun. Et eis Zukunft. Mir schaffen och déi nächst fënnef Joer intensiv drun eng Chancëgläichheet hierzestellen. An der Famill an awer  och an der Schoul.

Déi ëffentlech Schoul gëtt nach méi oppen an och méi adaptéiert un déi konkret Besoin’en an eisem Land. Mir hunn eng grouss Diversitéit. Et ass en Atout vu Lëtzebuerg, dass mer méisproocheg sinn an dass déi verschidde Sproochen a kulturell Ënnerscheeder an der ëffentlecher Schoul zesummekommen. Hei sinn an de leschte Jeren eng Panoplie u Reformen an Projeten op de Wee bruecht ginn, déi d’Offre un verschiddene Modeller an d’Luucht setzen. Dat betrëfft esou wuel Klassen, déi op Englesch oder Franséisch fonctionnéieren, ewéi awer och zum Beispill speziell Projet’en, wou an der Haaptsaach mat Logicielle geschafft gëtt. Mir hunn e Kader geschaaft, wou och déi individuell Fäegkeeten an Talenter vun der Schüler gefërdert ginn. Déi Projeten ginn an de nächste Joren ëmgesat a weider gefouert a begleet. Mir si weider innovativ a schaffen un Adaptatioune wou et néideg ass. Dat maache mir awer net eleng.

Et gëtt eng ganz nei Aart a Weis vu Gouvernance an der Schoulpolitik agefouert. Den Debat iwwert déi richteg Form vun Unterrecht an iwwer déi verschidden Approche gëtt an de nächste fënnef Joer virun allem um Niveau vun engem “Bildungsdësch” gefouert. Hei sinn déi Professionell aus dem pädagogesche Beräich, Vertrieder vun den Enseignanten, de Schüler, den Elteren, de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft beienee fir Mesuren an der Education Nationale ze beroden – an ze decidéieren.

D’Bedeitung vum Sport an eiser Gesellschaft ass enorm grouss an deem wëlle mer net  just Rechnung droen, mee seng Wichtegkeet nach weider ervirhiewen. Dat maache mer op deene verschiddenen Niveau’en ; vum Sport an der Schoul, iwwert d’Fräizäit, de Veräinssport, mee och den Héichleeschtungs a professionelle Beräich, esou ewéi de Sport mat an fir Leit mat spezielle Besoin’en.  D’Konzept, dat de COSL virgestallt huet, wäert eis hei eng wichteg Inspiratioun ginn an et gëtt och an de nächste fënnef Joer massiv investéiert.

Am Sënn vun enger Populatioun, déi a Beweegung ass, ënnerstëtze mer weider intensiv déi lokal Veräiner bei hirer Aarbecht. Dobäi hëllefen och nei innovativ Mesuren, ewéi zum Beispill d’Schafe vun engem Kannerclubbus, deen all de Veräiner an eben och de Sportsclibb hëlleft Memberen ze fannen an den Nowuess opzebauen. Leider ass et nämlech dacks esou, dass den Interêt bei deene klengen an Jonken grouss, mee déi logistesch Erausfuerderung vir Eltere Betreiungsstrukturen, nach méi grouss ass. Deem wierke mer entgéint a maachen den Accès op Training oder Prouwe méi einfach.

Mir verschléissen eis och net deene ganz neie sportlechen Disziplinnen am Sënn vun engem Land, wat am digitale Secteur Virreider ass, ginn déi sougenannten E-Sportaarten och an Zukunft unerkannt a mir schafen e Kader, deen d’Entwécklung vun deem Beräich weider bréngt. Gläichzäiteg setzt d’Regierung sech awer och derfir an, dass näischt vergiess a verluer gëtt, wat déi sportlech Geschicht vun eisem Land ausmécht. D’Kollektioun vun Objeten a Material an och vun audiovisuellen Inhalter, déi eis hei déi lescht Joerzéngten markéiert hunn soll an engem Musée iwwert de Sport dem Public zougänglech gemaach ginn.

De Sport ass e wichtege Facteur, wann em d’Gesondheet vun der Populatioun geet. Dat gëllt fir d’Kanner, fir déi d’Gefor vun der Obesitéit leider nach ëmmer besteet an och fir déi eeler Leit, fir déi d’Beweegung net méi esou liicht awer ëm esou méi wichteg ass. Zu Lëtzebuerg soll een am Alter déi bescht méiglech Konditiounen hunn fir gesond ze liewen a wann néideg och adequat versuergt ze sinn.

Déi eeler Leit leeschten e wichtege Bäitrag fir eist Zesummeliewen an hunn eng wichteg Roll an hirer Famill, mee och fir d’Gesellschaft am Allgemengen. D’Koalitiounsparteien droen deem Rechnung a schaffen un enger Strategie am Sënn vum “Active ageing” – also al ginn an awer aktiv bleiwen, gefuerdert a gebraucht ginn. Esou soll den Iwwergank vum Beruffsliewen an d’Pensioun begleet ginn, de Benevolat gëtt gestäerkt a mir schaffe Mesuren aus fir ze verhënneren, dass eeler Leit ze vill Zäit eleng verbrénge mussen. Mir wëllen dat an enker Zesummenaarbecht mat de Gemenge maachen, déi hei e e wichtege Bäitrag leeschten. Et sinn dacks d’Gemengen, déi kennen eng Offer schafen a Plattforme bidden, wou een sech begéine kann an wou och déi verschiddene Generatioune mateneen hir Zäit verbréngen – an vunenee léieren.

De Staat investéiert och an de nächste Jore weider massiv a Strukturen an Haiser wou eeler Leit encadréiert sinn an, an aller Dignitéit kënnen al ginn. Mir leeën e besonneschen Accent op leit, déi un enger Demenz leiden.

Mir sinn zu Lëtzebuerg mat deem selwechten Phänomen konfrontéiert, wéi all industrialiséiert Land: Déi demographesch Entwécklung geet an déi Richtung, dass d’Liewenserwaardung an d’Luucht geet. Doriwwer kënne mer eis freeën. Et huet awer zur Konsequenz, dass d’Ufuerderungen un eise Sozial- an Gesondheetssystem  och méi grouss ginn. Mir huelen hei déi néideg Adaptatiounen fir dass mir och an Zukunft, déi beschtméiglech Prise en charge kënnen garantéieren. Dat bedeit ënnert anerem, dass d’Preventioun an den Depistage vun heefege Krankheeten verbessert gëtt. D’Efforten fir de Service an den Urgencen méi effikass ze maachen an d’Waardezäiten erof ze setzen gi konsequent weider gefouert a mir suergen och derfir, dass d’Spideeler nach besser equipéiert ginn.

Mir wëssen och dass et fir eng Rei Leit schwiereg ass fir all Mount Dokteschrechnungen ze bezuelen, a wëllen och un engem System schaffen deen am Fong jiderengem entéeint kënnt. Eng Méiglechkeet, déi ennersicht gëtt, ass, dass de Patient soll an Zukunft kënne mat enger Kaart den Dokter bezuelen, wou den Dokter dann den integrale Montant vun der Consultatioun kritt an de Patient just säin Deel débiteiert gëtt. Dann ass et eriwer mam Erschécken a waarden an et bréngt och mat sech dass den Dokter net muss Meint laang op e Bezuelen vun der CNS waarden.Et ass dat och eng richteg Mesure am Sënn vun der Simplification administrative.

Mir wäerten och an der Behandlung vu verschiddene Krankheeten an bei der Lutte géint d’éeng nei Weeër goen. Esou soll de medezineschen Cannabis en fest Plaz an der Schmerztherapie kréien an d‘Dokteren kënnen och Formatiounen maachen fir den Ëmgank mat dëser Behandlung besser kennen ze léieren. 

De Cannabis gëtt an dëser Legislaturperiod awer och allgemeng legaliséiert. Déi Mesure ass net d’Verharmlosen vun de Risiken, déi de rekreative Konsum vu Cannabis huet. Dass Cannabisproduiten consomméiert ginn, ass eng Realitéit. De Problem ass awer, dass déi Produiten haut dacks schwéier belaascht sinn an d’Konzentratioun vum THC kënschtlech an d’Luucht gesat gëtt an esou d’Geforen nach méi grouss sinn. Mir huelen de Marché aus den däischteren Ecken eraus a protegéieren domadder déi Leit, déi Cannabis consomméieren. Parallel zu der Legaliséierung ginn och Sensibiliséierungscampagnen gemaach fir kloer ze maachen, dass et och, wann et legal ass, et awer nach laang net onbdenklechass, Marihuana auszeprobéieren.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass net just an de leschte Joren, mee méi, wéi en Joerzéngt un enger immens wichteger Reform geschafft ginn, déi fir eist Land, fir eist Zesummeliewen a fir eis Demokratie vu grousse Bedeitung ass.

Mir stinn elo kuerz virum Enn vun der Reform vun eiser Verfassung. An deem Gesetz, dat iwwert all deenen anere steet, ass definéiert wéi eist Land fonctionnéiert, wat déi fundamental Prinzipie sinn, déi eis ausmaachen, déi eis Geschicht reflektéieren, eis Kultur an d’Bedeitung vun den Institutiounen. Et gëtt en modern Verfassung, déi d’Fräiheet vun de Bierger festegt a fundamental Prinzipie respektéiert. Wéi dat vun der Onofhängegkeet vun der Justiz.

Et gëtt op deem aktuellen Text e breede Konsens tëscht de politesche Parteien a mir respektéieren dee Konsens.

Déi nei Constitutioun soll an dëser Legislaturperiod zum Vote gestallt ginn an zwar och iwwert de Wee vun engem Referendum. Dëse fundamentaldemokratesche Prozess gëtt vun der Chamber organiséiert an et soll do eng breet Consultatioun am Virfeld stattfannen. Als Zäitschinn envisagéiere mer den Ufank vun deene Consultatiounen op d’Zäit no den Europawahlen nächst Joer.

E Land definéiert sech duerch méi, ewéi duerch seng Leit, seng Landschaft, seng Geschicht, seng Ekonomie oder seng Roll an der Welt. Zu deem wat eis zesummenhält, wat eis matenee verbënnt gehéieren eis Traditiounen, eis Geschicht an och eis Sprooch.

D’Promotioun vum Lëtzebuergesche gëtt weider viru gedriwwen. Esou gëtt d’Léiere vun eiser Sprooch systematesch an deene privaten internationale Schoulen agefouert. Mir schaffen un adaptéiertem Unterrechtsmaterial fir an der ëffentlecher Schoul och dat Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch an de Virdergrond ze setzen an et ginn Initiative geholl fir dem Lëtzebuergeschen och méi Uwendungsméiglechkeeten ze ginn – zum Beispill, dass verschidde Logiciellen an Zukunft och eis Sprooch verstinn.

Esou wéi d’Méisproochegkeet en Deel vun eis ass, esou wéi dat franséischt eis am Alldag begleet, wéi d’Däitsch déi Sprooch ass, déi an der Press dominéiert an d’Englesch ëmmer méi zum Alldag gehéiert, si mer och houfreg op eis eege Sprooch. Mir hunn awer och e formidabele kulturelle Patrimoine, dee mer méi en Valeur wëlle setzen.

De Projet vun enger Nationalgallerie gëtt an dëser Legislaturperiod realiséiert. Dëse Projet gëtt de Lëtzebuerger Artisten d’Méiglechkeet hier Wierker dem breede Public zougänglech ze maachen, nei Talenter gi gefërdert an d’Geschicht vun eisem kënschtleresche Patrimoine gëtt promovéiert. De Projet soll begleet ginn duerch eng Kontextualiséierung vun deem wat zu Lëtzebuerg kënschtleresch geschafft a geschaaft ginn ass. D’Nationalgallerie kritt och en Centre de documentation an de Projet gëtt wëssenschaftlech begleet. Den Aspekt vun der Digitaliséierung soll och an dësem Kontext eng Roll spillen a mir kënnen op Erfahrungswäerter aus eiser Zesummenaarbecht mam Institut fir Zäitgeschicht ziele fir och déi zäitgenëssesch Lëtzebuerger Konscht op eng nei Aart a Weis opzeschaffen an ze presentéieren. Déi digital Ausstellung iwwert den 1. Weltkrich ass hei en immens gelongene Projet, deen e grousse Succès huet an als Model fir aner Beräicher kann dengen.

Kultur ass och eng Méiglechkeet fir eis ze presentéieren. Et ass net dat éischt Uleies vun engem Artist fir d’Land virzestellen oder ze vertrieden. Déi kulturell Vilfalt ass awer als Ganzt en Deel vu Lëtzebuerg a mir kënnen houfreg sinn op déi extrem héichwäerteg, professionell, ofwiesslungsräich an dynamesch Kulturzeen.

An dräi  Joer schonn, kuckt de Rescht vun der Welt op Lëtzebuerg a virun allem op de Süde vum Grand-Duché. Mat Esch 2022 als europäesch Kulturhaaptstad, steet eis Aarbecht an d’Haus, wou déi Gemengen, déi dorunner bedeelegt sinn, besonnesch gefuerdert sinn.

Mir sinn eis awer eens driwwer, dass dat och op nationalem Niveau eng enorm Chance fir eis ass an dofir ass de Staat och enke Partner a steet der Equipe déi fir de Projet zoustänneg ass zu Säit, dat esou wuel mat Personal, wéi och logistesch a finanziell. De Minett gëtt och iwwert de Rendez-Vous vun 2022 eraus nohalteg an Plaz vum kulturelle Schafe gestäerkt.

Allgemeng gëtt d ‘Kulturpolitik méi konstant an se réckelt méi an den Zentrum. Mam Kulturentwécklungsplang, deen an der leschter Legislaturperiod an aller Transparenz an no intensivem Dialog mat de Kulturschafenden opgestallt gouf, hu mer elo en Outil zur Hand deen eis erlaabt an d’Déift ze goen an d’Acteuren am Secteur ze begleeden, si an hirer Fräiheet ze ënnerstëtzen an derfir ze suergen, dass d’Kreativitéit dee Fräiraum an déi Méiglechkeete kritt déi se brauch. Dernieft gëtt d’Populatioun méi op déi kulturell Offer sensibiliséiert an mir fërderen dat kulturellt Verständnes virun allem an der Schoul.

D’Kultur an d’Kreativitéit sollen  awer och méi eng wichteg Roll an de Medien zu Lëtzebuerg spillen. D’Regierung wëll de Stellewäert vun der Kreativitéit nach méi eraussträichen an eng Präsenz an den Dagesmedie schafe fir dat och ze valoriséieren. Et ass dat en Deel vun der Qualitéit vun der Informatioun, wat eng Prioritéit vun dëser Legislaturperiod am Beräich vun de Medien ass. 

Et gouf an der leschter Legislaturperiod eng Viraarbecht geleescht fir d’Qualitéit an der Presse ofzesécheren. Et ass wichteg, dass an enger Zäit, wou Informatiounen iwwer vill verschidde Kanäl diffuséiert ginn, wou Nouvelle séier ronderëm d’Welt ginn an net vill Zäit bleift fir dat ze préiwen, wat mer zerwéiert kréien, dass do Vertrauen besteet an eng Berichterstattung, déi onofhängeg a professionell ass. Et muss een do Munches auserneen halen a keng falsch Virstellungen hunn. Et ass kloer, dass eng Berichterstattung net kann ëmmer an zu 100% neutral oder objektiv sinn. Esou laang Mënschen zoustänneg si fir d’Verschaffe vun Informatioun, ass och eng gewësse Subjektivitéit domadder verbonnen – an dat ass gutt esou. Journalisten hunn dofir eng Deontologie an eng Beruffsethik, déi si zu der Wourecht verflicht a garantéiert, dass Informatiounen, déi an d’Ëffentlechkeet ginn och d’Strooss halen.

Dat ass et, wat d’Qualitéit garantéiert an dofir geet d’Regierung de Wee weider an ënnerstëtzt de professionelle Journalismus. Am Kader vun enger Reform vun der Aide à la Presse soll déi Aarbecht, déi vun enger Redaktioun gemaach gëtt, als Haapstbestanddeel unerkannt an dofir och bei der Berechnung vun der Pressehëllef determinant ginn.

D’Presse ass zu Lëtzebuerg op ëffentlech Gelder ugewisen. Ouni finanzielle Support, hu mer keng Diversitéit an domadder och de Risk vu manner Qualitéit.

Um Enn vun der leschter Legislaturperiod gouf d’Fro opgeworf, ob dee Modell, dass mat Hëllef vun ëffentleche Suen d’Meenungsvielfalt an den onofhängege Journalismus garantéiert gëtt, dee richtegen ass. Déi Fro solle mer an de nächste Méint diskutéieren. D’Koalitiounsparteien hunn an hirem Programm ganz däitlech eng Reflexioun iwwert de Rôle, d’Missiounen, de Finanzement an d’Gouvernance  vum ëffentlech-rechtleche Radio proposéiert. Deen Debat gëtt organiséiert, esou, wéi mer och iwwert déi ëffentlech rechtlech Missioun an der Televisioun wëllen diskutéieren. Dat geschitt zesumme mat der Chamber a mat deenen verschiddenen Acteurren an internationalen Experten. An et geschitt an aller Transparenz.

Mir hunn dat gemeinsamt Zil vu Pluralismus an enger staarker onofhängeger Press. Dozou gehéiert och den Zougang zu Informatioun. Mir hunn, ewéi annoncéiert esou e Gesetz agefouert nodeems virdrunner wärend Joerzengte  just driwwer geschwat ginn ass. Dat Gesetz trëtt den 1. Januar a Kraaft a mir wëllen den Impakt dovunner an de nächste Méint préiwen an och Adaptatiounen um existent Text proposéieren, wann dat sech als néideg soll eraus stellen.

D ‘Koalitioun vun deenen dräi Parteien huet an der leschter Legislatur gewisen, dass se fir méi Transparenz steet, fir méi Biergerbedeelegung a méi oppen ass vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet. Déi Transitioun geet net vun haut op muer, mee et si grouss Schrëtt ënnerholl ginn a mir sinn decidéiert dat och weider ze féieren.

Lëtzebuerg soll och deem Beräich en internationale Virreider ginn a sech vis-à-vis vu senge Partner an Europa positiv ervir doen.

Eist Land huet huet sech an de leschte Jore verännert. Mir sigesellschaftspolitesch e gudde Schratt no vir gaangen an hunn a verschiddene Beräicher de legale Kader an de System un d’Liewensrealitéit vu ville Bierger ugepasst. Dat gëllt fir d’Familljen zum Beispill, et gëllt awer och fir d’Relatioun mat de Reliounsgemeinschaften oder fir d’Aart a Weis, wéi d’Aarbecht haut organiséiert gëtt. Dee Wee gi mer weider a mir moderniséiere Lëtzebuerg esou, dass mer  de Realitéite gerecht ginn.

Déi europäesch Initiativ fir eng Protektioun vun de Lanceurs d’Alerte , de sougenannte Whistlebloewerschutz gëtt vun eis ënnerstëtzt an viru gedriwwen. Mir wëllen déi Direktiv séier an nationaalt Gesetz ëmsetzen. Mir huelen doriwwer eraus och eng Initiativ fir en Lobbyregëster anzeféieren a schafen esou méi Transparenz.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

International gëtt den Drock op eist Land an de nächste Joren net manner grouss. Et gouf op dëser Plaz scho méi wéi eng Kéier thematiséiert: An de nächste Méint verléiert d’Europäesch Unioun e Memberland. Den decisive Vott zu Westminister am Parlament, gouf gëschter verréckelt asteet ënnert kengem gudde Stär. Mir elo an de nächsten Deeg an der Europäescher Unioun decidéieren, wéi mer weider virginn.

Eent ass fir eis als Lëtzebuerg evident a kloer: De Brexit huet laangfristeg keng positiv Auswierkungen op d’EU an och net op eist Land. Mir verléieren en Alliéierten zu Bréissel wann et drëm geet, déi europäesch Finanzplaze weider kompetitiv hale par Rapport zu anere Finanzplazen an den USA oder an Asien. Mir verléieren awer och e Marché an der EU, dee vir Lëtzebuerg extrem wichteg war an an Zukunft nach méi an enger Konkurrenz zu eis steet. Mir bedaueren also d’Sortie vu Groussbritannien, mussen eis awer beschtméiglech doropper astellen.

An de leschte Joren gouf dat gemaach an et si weider Ustrengunge méiglech, notamment um legalen a regulatoreschen Niveau. Déi allermeeschten Aarbecht awer maache mer an enker Kooperatioun mat eisen direkten Nopeschlänner, am Kader vum BENELUX an mat all eise da 26 Partner an der Europäescher Unioun.

Lëtzebuerg bleift och weiderhin e Land mat enger Regierungskoalitioun, déi decidéiert pro-europäesch ass an sech zu de fundamentale Wäerter vun dësem Friddensprojet bekennt. Mir schaffen och weider dru fir dass déi europäesch Iddi an dat, wat eis matenee verbënnt, net laanscht, mee mam Bierger geschitt. Participatioun an den Dialog mat de Leit sollen an de nächste Jore verstäerkt ginn. Dozou gehéieren och Debaten um Niveau vun de Sozialpartner a ganz kloer och hei am Parlament.

Eng Geleeënheet fir zesummen dat ze feieren, wat Europa eis bréngt, wat d’Atout’en an déi grouss Errongenschafte vun der Europäescher Unioun sinn, hu mer de 9. Mee. D’Koalitiounspartner hu sech drop gëeenegt deen Dag hei zu Lëtzebuerg zu engem gesetzleche Feierdag ze maachen. Mir sinn awer virun allem der Meenung, dass deen Dag et wäert ass, sech méi dermat ze beschäftegen, wat et bedeit en Deel vun enger Völkergemeinschaft ze sinn.

Mir sollen eis all bewosst sinn, dass näischt selbstverständlech ass an de Fait, dass mir heibannen zu enger Generatioun gehéieren, déi kee Krich méi bei eis erlieft huet, schonn eleng eng Ursaach ass fir déi Europäesch Iddi héich ze halen.

Lëtzebuerg bleift e solidarescht Land an hält dofir och un deem héijen Niveau vun eiser Kooperatiounspolitik fest. Eis Ziler an der Entwécklungshëllef orientéieren sech un den Objektiver, déi mer eis virun allem am Kader vun de Vereenten Natiounen zesumme ginn hunn. Um Grondprinzip, dass mer virun allem do agéieren, wou et am néidegsten ass a wou mer mat verlässleche Partner schaffen, ännert sech näischt. Mir wëllen an de nächste Joren awer nieft deene Länner mat deene mer den Ament bilateral enk zesumme schaffen, eis och op maache fir weider Regiounen, déi mer an de Fokus geréckelt sinn, sief et duerch humanitär oder Natur bedéngte Katastrophen.

Entwécklungshëllef, Kooperatiouns- an och Klimapolitik ass ëmmer och Präventioun. Wa mir de Mënschen a méi aarmen a menacéierte Regiounen op der Welt hëllefen an si ënnerstëtzen, wa mer hinne Perspektive bidden, dann evitéiere mer laangfristeg och Konflikter a grouss Migratiounsflux’en, déi ëmmer mat Misär, mat Liewensgefor a Frustratioun zesummen hänken.

Mir wëlle Kricher evitéieren an eis schütze virun arméierte Konflikter ier se iwwerhaapt entstinn. Ëmmer geléngt eis dat ganz bestëmmt net. Mir brauchen nieft eiser Kooperatiounspolitik och eng national Verdeedegung a mir stinn och fest an onemstéisslech zu eisen Engagementer an der EU an um Niveau vun der NATO. Lëtzebuerg kann haut net 2 Prozent vum PIB an d’Defense fléisse loossen. Mir wäerten awer weiderhin eisen haut scho substantiellen Effort ausbauen, op eng Aart a Weis, déi eiser Arméi an eise Partner nëtzt a gläichzäiteg sënnvoll ass fir eis Ekonomie, am Aklang mat de Contrainten, déi e Land vun eiser Gréisst an deem Kontext nun emol huet.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Déi nächst 5 Joer ginn intensiv an der Aarbecht, et gëtt eng Panoplie vu Mesuren, déi mussen ëmgesat ginn. Et geet drëms den Erfollegsmodel Lëtzebuerg weider ze stäerken, d’Interête vun eisem Land ze vertrieden. Et geet dorëms d‘Liewensqualitéit vir eis Bierger ze erhalen.

Et geet em d’Sécherheet vun de Mënschen, déi hei liewen an hiren Alldag verbréngen. Et geet awer och em déi sozial Ofsécherung, em d’Zukunft vun eise Kanner. Et geet em eis Ressourcen, em d’Ëmwelt an et geet em d’Stäerke vun der Demokratie. Fir dat ze areechen, si mer och drop ugewisen, dass all Dag motivéiert Leit am a fir de Staat schaffen, fir d’Gemengen a fir den parastaatleche Secteur. Ob an der Educatioun, der Justice, an der Fleeg, am Gesondheetssecteur, bei der Police an Arméi, a de Verwaltungen, Kulturinstituter, an de Ministèren, de Biergerzenteren an iwwerall do, wou Leit schaffen fir d’Allgemengheet, brauche mer motivéiert a gutt ausgebilte Leit.

Dat ass eis als Regierung bewosst a mir sinn decidéiert dat och unzerkennen, esou, wéi mer dat an der leschter Legislaturperiod bewisen hunn. Mir verbesseren d’Konditiounen an der Fonction Publique a schaffen do op e puer Achsen. Engersäits soll d’Formatioun vun de Leit verbessert ginn. Dat bedeit, dass d’Stagiären eng cibléiert Formatioun kréien, déi deem gerecht gëtt, wat si herno am Déngscht vum Bierger schaffen. Déi generell Basis iwwert de Fonctionnement vum Staat gëtt dobäi net vernoléissegt. Mir wëllen awer d’Permeabilitéit tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur verdéiwen. Et soll méi einfach a méi selbstverständlech ginn, dass Leit, déi sech am Privatsecteur verdéngt gemaach hunn en Accès op den ëffentlechen Déngscht hunn an ëmgedréit. Déi Dynamik bréngt en natierleche Wëssensaustausch, dee fir béid Secteur’en vu Virdeel ass.

Den Teletravail, esou wéi eng allgemeng Flexibilitéit an der Aart a Weis, wéi an der Fonction publique geschafft gëtt, si weider Elementer, déi eis déi nächst Jore beschäftegen an déi Diskussioune féiere mer weider mat de Sozialpartner an deene Concernéierten um Terrain.

Et geet finalement drëms den Déngscht um Bierger ze verbesseren an och do spillt natierlech d’Digitaliséierung eng zentral Roll. Mir hunn dee neie Ministère net  just geschaaft fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien ze entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen, mee och fir den Alldag an déi eenzel administrativ Prozesser ze verbesseren.

E groussen Deel vun deem, wat am Ministère vun der Digitaliséierung geschitt, huet als Haaptzil d’Liewe vun de Leit méi einfach ze maachen.

Et sinn eng ganz Rei vun Demarchen, wou et technesch méiglech ass fir se digital ze maachen an esou vill Zäit an Méi ze spueren, wou awer de legaleKader et net erlaabt oder anere Koordinatiouns- a Gestiounsproblemer bestinn.  Déi Schwieregkeete léise mer an der nächster Legislaturperiod a maache Lëtzebuerg zu enger wierklecher Smart Nation.

Här President,

Dir Dammen dir Hären,

Ech hunn de Mëtteg hei en Iwwerbléck gi vun de Prioritéiten, déi dës Regierung an de nächste Joren huet. Dobäi ass net alles thematiséiert ginn an och net alles an der Déift beschriwwen. De Programm, deen zanter enger Woch ëffentlech zougänglech ass, geet do e gudde Schratt méi wäit abeschreift zum Detail ganz detailléiert wéi Mesuren an hirer Ëmsetzung wierken a fonctionnéieren. Et ass dann an de leschten Deeg schonn och scho Munches kommentéiert ginn.

Eng Fro, déi ëmmer nees gestallt gouf, ass déi vum Finanzement.

Jo, et ass richteg. De Programm, dee mer eis ginn hunn, huet en finanziellen Impakt, an dees si mer eis ganz gutt bewosst. Ons aktuell Situatioun erlaabt eis dat awer, well den den Terrain preparéiert ass, a mir sinn der Meenung, dass et de Bierger elo soll ze gutt kommen, wann d’Staatsfinanzen sech positiv entwéckelen. Mir hunn um Ufank vun der leschter Legislaturperiod eng Situatioun virfonnt, déi de genee Contraire war.

Am Joer 2013 ware mer mat enger finanzieller Noutsituatioun konfrontéiert, déi net zulescht doduerch verursaacht war, dass eng Recette vun iwwert enger Milliard Euro, duerch de Commerce électronique ewech gefall ass an dëst net antizipéiert war. Et ass eis gelongen dat an de leschte 5 Joer opzefänken an d’Entécklung ëmzedréinen. De Chômage ass och konstant erof gaangen op elo knapp iwwer 5% - mir sinn also net méi wäit ewech vun deem, wat an eisen Nopeschlänner Vollbeschäftegung genannt gëtt.

Den aktuellste Projektiounen no, hu mer vir dëst a fir d’nächst Joer e Wirtschaftswuesstem vun iwwer 3% an de Solde vun der Administration Publique läit fir 2018 bei engem Plus vu bal enger Milliard.

Als Erënnerung, well ech Iech soen, dass dat bal dräi mol esou vill ass, ewéi mer am Budget fir dëst Joer virgesinn haten (333 Mio. Euro). Beim Zentralstaat gëtt en Defizit vun  ënner 350 Milliounen Euro geschat – also nëmmen een Drëttel vun deem wat am Budget 2018 ageschriwwe war.

Déi ëffentlech Schold läit aktuell bei 21,6 %vum PIB an ass domadder wäit ënnert den 30%, déi mer eis an der leschter Legislaturperiod virgeholl haten an nach méi wäit ewech vun deene 60% vum PIB, déi de Stabilitéitskritäre vu Maastricht no erlaabt ass. 

Déi ëffentlech Finanze sinn also gesond a mir bleiwen och weider vigilant, wat dat betrefft. Mir engagéieren eis och fir déi nächst Legislaturperiod d’Schold ënner 30% vum PIB . Mir sinn op eng stabel Budgetspolitik ugewisen, well dat Vertraue schaaft. Et schafft Vertraue bei de Bierger a bei den Entreprisen, virun allem bei den Acteuren am Finanzsecteur.

Dat, wat déi dräi Koalitioun fir déi nächst Joren plange ass eng Politik am Interêt vun eisem Land an senge Bierger.

Et ass eng Politik, déi den Erausfuerderungen, virun deene mer sti gerecht gëtt. Et ass eng Politik, déi Lëtzebuerg a seng Roll an der Welt weider stäerkt.

Mir hunn och decidéiert eng Politik ze maachen, déi d’Leit zum engem finanziell entlaascht an zum aneren, deenen déi manner gutt do, méi Kafkraaft gëtt. D’Erhéije vum Mindestloun an d’Entlaaschtunge bei der Kanner Betreiung, dem ëffentlechen Transport si Mesuren, déi de Mënschen direkt zu gutt kommen.

Mir sinn der Meenung, dass Politik kee Selbstzweck ass an dass mer Verantwortung hunn fir haut a fir muer.

Dofir hu mer festgehal weider massiv an d’Zukunft ze investéieren an esou déi néideg Konditiounen ze schaffe fir dass et och weiderhi luewenswäert ass zu Lëtzebuerg ze wunnen, ze liewen, ze schaffen an ze studéieren.

Et ass awer och en permanenten Effort vu jidderengem gefrot.

Mir mussen als Gesellschaft an als Politik och weider Verantwortung droen, bereet an oppe sinn fir Neies an houfreg si op der, wat mer zesummen areecht hunn.

No deenen 5 leschte Joer, während deenen dës Koalitioun vun DP, LSAP an déi gréng an der Verantwortung war ass vill beweegt ginn. Et ass awer net esou, ewéi wann ee sech elo kéint eraus rouhen. De Programm op dee mer eis gëeenegt hunn, ass nach méi ambitiéis, ewéi dee vun der viregter Legislaturperiod. D’Erausfuerderungen sinn net manner ginn an eis Motivatioun an de Wëllen fir Lëtzebuerg weider ze stäerken ass grouss.

Déi nächst 5 Joer an d ‘Aarbecht vun dëser Koalitioun wäert markéiert sinn vun intensivem Asatz fir d ‘Zukunft vun eisem Land.

 
Xavier Bettel
Premier ministre, Ministre d’Etat

Zurück zur Ausgangsseite